Zum véirte Mol nom Hubert Kniebs, dem
Oswald Heck an dem Herbert Convents stung rem en Däitschsproochegen an
der enzeger, zweesproocheger Chamber an der Belsch als Präsident.
An der „Konföderatioun vum Bau“ am Bezierk Verviers sinn emmerhin en Drëttel vun deene méi wéi 600 Memberen däitschproocheg.
De Günther Leufgen huet an der 2. Joreshallschent 2003 d’Positioun vum
Gaston Ledoyen iwwerholl fir eng Dauer vun 3 Joer. Elo haat no dräi Joer rem e
Generalentrepreneur d’Ledung.
En ass zënter zwielef Joer als Member an der Chamber um schaffen.
Méi wéi fënnef an hallef Joer war e Präsident vun de
Generalentrepreneuren; zënter 1999 ass en am Nationalrot vun der FEGC.
An zënter 2002 engagéiert e sech als däitschsproochege Vertrieder am
Direktiounsrot vun der CCW.
De Günther Leufgen huet keng Méi gescheit, an d’Festhal zu
Schönberg anzelueden, amplaz vun der soss üblecher Hotel-a
Restaurants-SzenWou soss hätt de Positiounswiessel besser kennen
oflafen, wéi am schéinen Ourdall?
Aus alle Landesdeler koumen iwwer honnert Gäscht ugereest. Si
ware vun der origineller Invitatioun op Schönberg begeeschtert.
Op der Plaz haten déi, déi agelueden haten, sech ganz schéin an
d’Broscht gehäit, fir en onvergiesslechen Owend z’organiséieren.
D’Treffe war um „Schantjen“. De Sall war dementspriechend mat vill
Opwand dekoréiert ginn. All Beruffsbranche hat d’Méiglechkeet, säin
„Handwierk“ attraktiv ze präsentéieren..
Méi zu dësen Themen: - Bäitrag aus der Fachzäitschrëft CONSTRUCTION (PDF-Datei)
|