|
|

De
„Kaarten-Nolestiecher“ vun der Firma Leufgen ass a Pensioun
gaangen.Scho virdrun hat en et opginn, all Schantjen op der
groussherzoglecher Landkaart mat enger faarweger Nol ze markéieren.
Trotz all deem hu mer eis d’Méi gemaach, emol all d’Uertschafte vun de
läschte 50 Joer anzedron a mir kommen op déi beandrockend Zuel vu méi
wéi 450.
Déi
vill rout Punkten op de folgende Kaarte sinn de Beweis derfir, datt déi
ugefaangen Aarbecht vum Firmegrënner Mathias Joseph Leufgen, scho laang
hir Friichten dréit.
Wéi et schéngt, ginn et ganz vill zefridde Clienten am „Ländchen“, déi
gréisstendeels iwwer „Mond-zu Mond-Propaganda“ zesumme gedro gouwen.
Mir sinn immens houfreg dorop.
Mä net nëmmen zu Lëtzebuerg ginn et zefridde Leufgen-Clienten. Och am
Oste vun der Belsch an doriwwer raus hunn eis Handwierker
oniwwersiichtlech Spueren hannerlooss. Wann Dir Iech des Spueren e
bësse méi genee ukucke wëllt, da klickt einfach an d'Kaart, déi hei opgezeechent ass.
|
|